Net nach méi erklären – mee gesi ginn

ann-kathrin-massage-1

Wéi d’Tina an d’Liewenshaus kënnt, weess hatt net genee, wat et erwaart.
Hatt weess just: ech brauch Hëllef.

Beim Ann-Kathrin, Osteopathin, muss d’Tina net vill erklären. Et ginn net ze vill Froen gestallt. D‘Ann-Kathrin hëlt Stress a Middegkeet bewosst wouer iwwert seng Hänn.

Hatt  spiert: beim Tina ass keen Energiefloss méi do. Alles ass no bannen gezunn. D’Faszien hänke fest, Spannungen zéien sech duerch de ganze Kierper. De System steet am Dauer-Stress.

D‘Ann-Kathrin lauschtert mat Rou, mat Präsenz.

D’Tina sicht sech Hëllef am Liewenshaus beim Ann-Kathrin

De Kierper komplett erofsetzen – vum Kapp bis bei d’Kräizbeen

Am Mëttelpunkt steet fir d’éischt ee kloert Zil: de Kierper komplett erofzesetzen an alles nees an de Floss ze bréngen.

Ann-Kathrin schafft un de wichtege Spannungsplazen am Kierper: am Becken, um Zwerchfell, am Kappberäich. Och déi fein Strukturen um Schädel ginn entspaant: d’Zonen tëscht den Oueren, d’Spannungsfläch, déi de Kapp a zwou Hallschenten deelt, an d’Sinusen.

D’Faszien am Kapp ginn no an no ausgeglach. Dës Aarbecht verbënnt de ganze Kierper vum Kapp bis bei d’Kräizbein. Wann dës Achs sech berouegt, kritt d’Nervensystem e Signal vu Sécherheet. D’Otmung gëtt méi fräi. De permanente Bannendrock geet zeréck.

 

E Reset – an da Schrëtt fir Schrëtt

Zil ass keng séier Léisung.
Zil ass e kierperleche Reset, dem Kierper d’Méiglechkeet ze ginn, vu vir ze starten.

Eréischt no dräi bis véier Wochen geet d’Ann-Kathrin no an no un aner Problemer erun. Un déi Zonen, wou nach Spannungen sëtzen. Net alles op eemol. Net forcéiert. Mee am Rhythmus vum Kierper.

 

D’Energie ronderëm de Kierper nees an de Floss bréngen

Zum Schluss kuckt hat sech och d’Aura un, net am esoteresche Sënn, mee als Bild dovun, wéi no oder wäit e Mënsch bei sech selwer ass.

Beim Tina ass dës Energie ganz no un de Kierper gezunn. E kloert Zeechen, wéi laang hatt iwwer seng eege Grenze gaangen ass.

Duerch déi douce kierperlech Aarbecht kann dës Energie sech lues nees ausdehnen, sech energetesch oplueden an och baussen erëm an de Floss kommen.
Net forcéiert.
Mee als Resultat vu Rou, Regulatioun a Sécherheet.

 

En Akt vu Selfcare

Fir d’Tina ass dëse Schrëtt net d’Versprieche vun enger séierer Heelung. Et ass e bewosste Moment vu Selfcare.

Burnout ass net nëmmen am Kapp. De Kierper dréit d’Geschicht mat.

Iwwer de Bäitrag:
Net nach méi erklären – mee gesi ginn

Liewenshaus in Wormeldange

D’Liewenshaus ass eng Plaz fir Begéinung, Wuelbefannen a perséinlech Entwécklung mat villfältegen Offerë ronderëm Achtsamkeet, Coaching a ganzheetlech Gesondheet.

Liewenshaus-Blog
Erschöpft Fra mat Laptop – mental Middegkeet an Iwwerfuerderung am Alldag
Midd bis an d’Schanken
Wann d’Liewen nëmmen nach Fonctionéieren ass an ee sech selwer dobäi verléiert.

Coaching, Beweegung a Entspanungsangeboten zu Lëtzebuerg

Am Liewenshaus fënns du villfälteg Offerë fir méi Wuelbefannen, Entwécklung an Ausgläich am Alldag. Entdeck Coaching, Beweegungs- a Entspanungscoursen an huel dir bewosst Zäit fir dech.