Nees bei sech ukommen, mat all Otemzuch

Nathalie Krier – Mindfulness-Coach und MBSR-Lehrerin im Liewenshaus Wormeldange

Hei fänkt alles mat Sëcherheet un an net mat Analyse.

Am Ufank gëtt ëmmer eng kleng Regulatiounsübung gemaach: sech am Raum orientéieren, de Sëtz spieren, sech gehale fillen.

D’Nathalie schaaft e rouege Raum, an deem d’Tina fir d’éischt einfach däerf ukommen.
Ouni Drock, ouni Erwaardung. Just sinn. Gläichzäiteg ass et och wichteg, wat d’Tina matbréngt, säin Uleies oder Thema, dat wat et beweegt. Dat gëtt zesumme mam Nathalie lues a respektvoll erfuerscht.

No sengem Wee duerch déi verschidden Etappen am Liewenshaus kënnt d’Tina bei d’Nathalie.

An senger Aarbecht setzt d’Nathalie virun allem op somatesch Usätz wéi Somatic Experiencing, Ego-State-Therapie an nervensystemesch Integratioun. Achtsamkeet spillt dobäi och mol eng Roll, wärend MBSR éischter an senge Gruppecoursen zum Asaz kënnt.

Ganz konkret heescht dat, dass d’Opmierksamkeet ëmmer erëm op dat geet, wat am Moment präsent ass. Op dat, wat sech weist am sougenannte Felt Sense. Dat kënnen kierperlech Sensatiounen sinn, mee och Biller, Gedanken oder Gefiller. De Kierper ass en Deel dovun, mee net dat Eenzegt.

D’Tina léiert, dës Signaler net direkt ze analyséieren oder ze bewäerten, mee se fir d’éischt einfach ze spieren.
A klenge Schrëtt.

Vill geschitt dobäi iwwer Co-Regulatioun am Kontakt mam Nathalie, wat Sécherheet gëtt. Duerch dëst bewosst Dobäi-bleiwe kann de Kierper lues a lues ufänken, sech selwer ze reguléieren. Spannungen dierfen sech ofbauen, ouni forcéiert ze ginn. D’Nervesystem kritt erëm e Gefill vu Sécherheet.

Heiansdo geet et dobäi och dorëms, tëscht Aktivéierung a Rou hin an hier ze pendelen. Kuerz an e Gefill eragoen, an dann nees zréck an eppes, wat stabiliséiert. Sou léiert de Kierper, datt en net iwwerfuerdert gëtt.

Net alles op eemol.
Mee an engem Tempo, deen sech richteg ufillt.

 

D’Fro, déi alles verännert

An dëser Rou kënnt eng aner, méi fein Fro op:
Wéini sinn ech esou, wéi ech mech wierklech gären spieren?

Et geet hei manner ëm d’Iddi vu Gléck, mee ëm Ressource, ëm déi Momenter, an deenen d’Tina sech mat sech selwer verbonnen an stëmmeg fillt.

D’Tina fänkt un, net méi mam Kapp ze sichen, mee ze spieren. An dobäi baut sech lues a lues eppes op, wat laang gefeelt huet:
eng Verbindung zu sech selwer.

 

Lues a lues erëm bei sech ukommen

Mat der Zäit gëtt d’Tina méi opmierksam fir sech selwer. Hatt spiert méi fréi, wann et ze vill gëtt, an erlaabt sech Pausen.

D’Begleedung bleift douce, traumasensibel an ouni Drock. Alles dierf am eegene Rhythmus geschéien.
Et geet net drëms, séier erëm ze funktionéieren.

Et geet drëms, erëm ze spieren.
A klenge Schrëtter zeréck zu sech selwer.

Iwwer de Bäitrag:
Nees bei sech ukommen, mat all Otemzuch

Liewenshaus in Wormeldange

D’Liewenshaus ass eng Plaz fir Begéinung, Wuelbefannen a perséinlech Entwécklung mat villfältegen Offerë ronderëm Achtsamkeet, Coaching a ganzheetlech Gesondheet.

Liewenshaus-Blog
Susanne im Liewenshaus
Den Kierper als Ganzes verstoen
Nom Selina besicht d’Tina d’Susanne wat mat chinesescher Medizin schafft
Selina im Liewenshaus Wormeldange
Fir d’éischt mol nolauschteren
Heiansdo fänkt Heelung domat un, datt een einfach nolauschtert an dem Kierper erëm Rou gëtt.
ann-kathrin-massage-1
Net nach méi erklären – mee gesi ginn
D’Tina sicht sech Hëllef am Liewenshaus beim Ann-Kathrin

Coaching, Beweegung a Entspanungsangeboten zu Lëtzebuerg

Am Liewenshaus fënns du villfälteg Offerë fir méi Wuelbefannen, Entwécklung an Ausgläich am Alldag. Entdeck Coaching, Beweegungs- a Entspanungscoursen an huel dir bewosst Zäit fir dech.