Midd bis an d’Schanken

Erschöpft Fra mat Laptop – mental Middegkeet an Iwwerfuerderung am Alldag

D’Tina ass 42 Joer al, frësch gescheed, zwee Kanner an der Primärschoul.
Hatt funktionéiert. All Dag.

Moies steet Tina op, mécht de Kanner d‘Iessen , bréngt se an d’Schoul. Hatt fiert op d’Aarbecht, seet „Et geet“ a laacht. Owes kënnt et heem, kacht, raumt a botzt, mécht Hausaufgaben, bréngt d’Kanner an d’Bett.

An iergendwou tëschendran verléiert d‘Tina sech selwer…

Wann d’Liewen nëmmen nach Fonctionéieren ass an ee sech selwer dobäi verléiert.

Et fänkt lues a lues un

Am Ufank ass et just Middegkeet.
Eng Middegkeet, déi och no Schlof net fortgeet.

Duerno kënnt d’Onrou. D’Häerz klappt ze séier. De Kapp kënnt net méi zur Rou. Gedanke kreese permanent. Kleng Saache ginn ze vill. Geräischer nerven. Tréinen kommen ouni Grond.
D’Tina versteet et net. Hatt huet dach ëmmer alles gepackt. Hatt war staark. Eent vun deenen, op déi een ziele konnt. Déi, déi ni kloen.

D’Lach gëtt ëmmer méi grouss

D‘Tina fänkt un, Saachen ze vergiessen.
Kann sech net méi konzentréieren.
Fillt sech eidel – wéi ofgeschallt.
Gläichzäiteg ass alles ze vill.

De Kierper mécht net méi mat: Kappwéi, de Mo op der Kopp, Schwindel, en Drock op der Broscht. Nuets Onrou oder keen Aen zou kréien, moies fillt sech all Opstoen wéi eng Iwwerfuerderung un.

Et ass kee plötzlechen Crash.
Et ass ee schleischenden Prozess…

Wou kënnt et hier?

Joren vu Fonktionéieren.
Joren vu Verantwortung.
Joren, an deenen d’Tina seng eege Grenze ignoréiert huet an ëmmer „JO“ sot.

D’Scheedung.
D’Roll als Allengerzéiend.
D’Scholdgefill, net genuch do ze sinn.
D’Aarbecht, déi ëmmer méi verlaangt.
Kee Raum fir Paus. Kee Raum fir Schwächt.

An ëmmer nees dee Gedanke: „Ech muss nach.“

Kee Versteesdemech vu baussen

Wéi d’Tina endlech seet, datt et him net gutt geet, stéisst hatt op Maueren.

Frënn soen: „Rapp dech zesummen.“
Op der Aarbecht heescht et: „Mir hunn elo keng Zäit fir esou Saachen.“

Hatt fillt sech nach méi eleng wéi virdrun.

Beim Hausdokter hofft hatt op Hëllef. Op Nolauschteren. Op Erklärungen…
Ma et kritt e Rezept: Antidepressiva. Schlofpëllen.
Keng Froen. Keng Zäit. Kee Bléck op dat, wat wierklech hannendru stécht.

E Moment vun Éierlechkeet

D’Tina geet heem a weess: Sou kann et net weidergoen.

Fir d’éischt zanter laanger Zäit lauschtert hatt op sech selwer.
Hatt erkennt: et ass net faul. Net schwaach. Net „futti“.

D‘Tina ass erschöpft.

An do geschitt eppes Wichteges.

Den éischte Schrëtt

D’Tina decidéiert, sech Hëllef ze sichen. Richteg Hëllef.
Et wëll verstoen, wat mat ëm geschitt.
Et wëll erëm fillen. Erëm ootmen. Erëm liewen – net just iwwerliewen.

Dat ass kee schnelle Wee.
Mee et ass säi Wee.

An heiansdo ass genau dat de wichtegste Schrëtt:
unzefänken, sech selwer eescht ze huelen.

Iwwer de Bäitrag:
Midd bis an d’Schanken
Fra an emotionaler Iwwerlaaschtung – Stress, Erschöpfung a Burnout Gefiller

Liewenshaus in Wormeldange

D’Liewenshaus ass eng Plaz fir Begéinung, Wuelbefannen a perséinlech Entwécklung mat villfältegen Offerë ronderëm Achtsamkeet, Coaching a ganzheetlech Gesondheet.

Liewenshaus-Blog
ann-kathrin-massage-1
Net nach méi erklären – mee gesi ginn
D’Tina sicht sech Hëllef am Liewenshaus beim Ann-Kathrin

Coaching, Beweegung a Entspanungsangeboten zu Lëtzebuerg

Am Liewenshaus fënns du villfälteg Offerë fir méi Wuelbefannen, Entwécklung an Ausgläich am Alldag. Entdeck Coaching, Beweegungs- a Entspanungscoursen an huel dir bewosst Zäit fir dech.