An dëst ass kee Kontrast zu deem, wat d‘Tina virdru erlieft huet, mee éischter eng Ergänzung. Eng aner Dimensioun vun der Begleedung.
Net mat enger fixer Iddi dovun, wat elo richteg wier oder wat als nächst misst geschéien. Mee mat engem Gefill, datt nach ëmmer vill an him schafft. Gedanken, Onrou an Spannungen, déi net ëmmer direkt iwwer de Kierper ze gräife sinn.
Beim Selina fänkt alles net mat engem Programm un, mee mat engem Gespréich.
D’Selina lauschtert. Net fir direkt eng Äntwert ze ginn oder eng Léisung ze proposéieren, mee fir wierklech ze verstoen. Wou kënnt dat alles hier? Wou ass et vläicht ze vill ginn? A wat dréit d’Tina nach mat sech?
Heiansdo ass nolauschteren schonn de wichtegste Schrëtt.
D’Nervensystem berouegen ier een eppes opbaut
Net alles brauch direkt Aktivitéit. Net alles brauch direkt Bewegung.
Je nodeem, wat am Gespréich erauskënnt, kann et fir d’Tina heeschen, fir d’éischt Rou ze fannen. Yoga a Meditatioun ginn hei net als Technik agesat, déi ee richteg muss maachen. Si ginn éischter als Méiglechkeet ugebueden fir d’Gedanken e bëssen méi lues ginn ze loossen an d’Nervensystem erëm ze berouegen.
Et geet hei net drëms ze performen.
Et geet drëms einfach do ze sinn.
Wann de Kierper nees e bëssen méi Rou fonnt huet, kann och Bewegung erëm eng Plaz kréien. Personal Training gëtt beim Selina awer net als Leeschtung verstanen, mee als eng ofgestëmmte Begleedung. Alles passt sech un d’Tina un, säin Rhythmus, seng Energie an dat wat hatt am Moment spiirt.
Och dat, wat mir iesse, schwätzt mat
Am Prozess kritt och d’Ernährung eng Plaz mee net mat Verbued oder strenge Reegelen. Mee mat Opmierksamkeet.
Wat ënnerstëtzt de Kierper? A wat belaascht en eventuell? Ësst d’Tina vill Mëllechprodukter an sengem Alldag? Oder vill glutenhalteg Liewensmëttel? A wéi reagéiert säin Kierper dorop?
Et geet net ëm perfekt Ernärung.
Et geet ëm Bewosstsinn an ëm d’Verstoen vun Zesummenhäng.
Rou duerch Beréierung
Heiansdo weist sech am Gespréich awer och datt nach ze vill Spannung am System ass. Ze vill ze droen. Ze vill Drock.
An esou Momenter kann eng Entspannungsmassage de richtege Start sinn. Net fir einfach ofzeschalten, mee fir ze spieren, wou de Kierper nach festhält an wou Blockaden sëtzen.
Vun do aus kann d’Aarbecht sech weider entwéckelen. Mat Faszienmassagen, déi lues an déif sinn. A wann de Kierper et zouléisst kënnt och nees méi Beweegung dobäi. Opbau, Stabilitéit an Energie.
Net alles op eemol. Mee Schrëtt fir Schrëtt.
Nees ootmen an der Natur
Heiansdo ass de beschte Raum fir esou Prozesser net dobannen, mee dobaussen.
D’Selina hëlt d’Tina mat an de Bësch. Net fir eppes ze erreechen oder en Ziel ze verfolgen, mee fir erëm ze spieren.
Bewosst ootmen. De Buedem ënner de Féiss spieren. De Kierper erëm am Raum fannen. Net drun denken, wéi ee sollt sinn.
Mee einfach erëm fillen datt een do ass.
Eng Begleedung déi sech upasst
Fir d’Tina ass d‘ Aarbecht mam Selina kee feste Plang mat fixen Etappen. Et ass e Prozess dee sech entwéckelt.
Heiansdo iwwer Rou. Heiansdo iwwer Beweegung. Heiansdo iwwer Beréierung. Heiansdo iwwer d’Natur.
Mee ëmmer mat deem selwechte Kär, datt d’Tina erëm bei sech selwer ukënnt.
Hei geet et net drëms séier erëm ze funktionéieren. Et geet drëms erëm ze spieren.
Burnout léist een net nëmmen am Kapp. An och net nëmmen iwwer de Kierper.
Heiansdo brauch et einfach een deen nolauschtert. Een deen matgeet. Een deen do ass an de Raum hält.
An heiansdo fänkt Verännerung genee do un, an deem Moment wou een erëm ootemt, sech selwer fillt an näischt muss…