Den Kierper als Ganzes verstoen

Susanne im Liewenshaus

Och hei geet et net drëm direkt eng Léisung ze fannen. Fir d’Susanne steet fir d’éischt eng aner Fro am Raum: Firwat rutscht e Mënsch iwwerhapt an e Burnout?

Stress eleng erkläert dat net. Burnout entsteet dacks do, wou de Kierper iwwer eng méi laang Zäit net méi mat de Belaaschtunge vum Alldag eens gëtt. Fir d’Susanne ass et dofir wichteg, fir d’éischt d’Basis vum System ze verstoen.

Am Gespréich an an der Analyse kuckt hatt, ob de Kierper nach fräi funktionéiere kann. Heiansdo si verschidde Kanäl am Kierper blockéiert, kierperlech oder emotional. Wann dës “Schleisen” net méi richteg op sinn, kann de Kierper seng Energie net méi gutt verdeelen an och d’Regeneratioun funktionéiert net méi esou, wéi se soll.

Nom Selina besicht d’Tina d’Susanne wat mat chinesescher Medizin schafft

Mental oder Emotional?

Fir d’Susanne ass Burnout net nëmmen eng mental oder emotional Fro. De Kierper selwer spillt eng grouss Roll.

Hatt kuckt zum Beispill och, ob eng Erregerbelaaschtung am Kierper virläit. Verschidde Viren, wéi zum Beispill den Epstein Barr Virus, kënnen dozou féieren, datt een sech dauerhaft midd, schlapp an erschöpft fillt. Wann esou eng Belaaschtung am Kierper aktiv ass, gëtt et fir de System schwéier, sech iwwerhaapt ze erhuelen.

Dofir geet et fir d’Susanne och drëms, méiglech Belaaschtungen am Kierper ze erkennen an ze reduzéieren, fir datt de Kierper iwwerhaapt nees d’Méiglechkeet kritt, richteg ze schaffen.

 

Wann d’Ernährung d’Gläichgewiicht beaflosst

Och d’Ernährung kann eng wichteg Roll spillen.

D’Susanne kuckt dofir och, ob eventuell Intoleranzen do sinn. Wann een iwwer eng laang Zäit Liewensmëttel konsuméiert, déi de Kierper net gutt verdréit, kann dat de ganze System schwächen. Permanent Mëllechprodukter oder glutenhalteg Liewensmëttel, déi net gutt toleréiert ginn, kënnen dozou féieren, datt de Kierper ëmmer erëm an engem Zoustand vu Stress bleift.

An esou engem Fall geet et ëm d’Verstoen, wat de Kierper ënnerstëtzt an wat en éischter belaascht.

 

Och al Spueren am Kierper kënne matspillen

D’Susanne kuckt och op aner Faktoren, déi een net direkt am Alldag bemierkt.

Narben zum Beispill kënnen en Afloss op den Energiesystem vum Kierper hunn. Heiansdo stéieren se den Energiefloss am Kierper a bréngen d’Gläichgewiicht aus dem Rhythmus.

Och esou Elementer ginn dofir an der Analyse mat agebonnen, fir de Kierper als Ganzt ze verstoen.

 

De Wee zréck an de Kierper

Fir Mënschen, déi an d’Richtung vu Burnout ënnerwee sinn, ass et fir d’Susanne och ganz wichteg, datt si erëm a Kontakt mat hirem eegene Kierper kommen.

Vill Leit verléieren an esou Phasen de Gefill fir sech selwer. De Kierper gëtt ignoréiert, Signaler ginn iwwergangen, an d’Distanz zum eegene Wuelbefannen gëtt ëmmer méi grouss.

Dofir kann och eng méi intensiv, kierperlech Behandlung en Deel vum Prozess sinn. Net als schnelle Fix, mee als Ënnerstëtzung, fir de Kierper erëm an d’Gläichgewiicht ze bréngen.

 

Eng Aarbecht, déi individuell bleift

Fir d’Susanne gëtt et kee feste Schema. All Mënsch bréngt seng eege Geschicht, säi Kierper an seng Belaaschtunge mat.

Dofir gëtt och ëmmer individuell gekuckt, wat am Moment am meeschte Sënn mécht. Wou läit d’Ursaach? Wou kann de Kierper ënnerstëtzt ginn? A wat hëlleft wierklech, fir datt de System erëm a seng Kraaft kënnt?

Heiansdo fänkt Erhuelung genee do un. Net mat enger eenzeger Léisung, mee mat engem méi déife Verstoen vun deem, wat am Kierper geschitt.

Iwwer de Bäitrag:
Den Kierper als Ganzes verstoen

Liewenshaus in Wormeldange

D’Liewenshaus ass eng Plaz fir Begéinung, Wuelbefannen a perséinlech Entwécklung mat villfältegen Offerë ronderëm Achtsamkeet, Coaching a ganzheetlech Gesondheet.

Liewenshaus-Blog
liewenshaus-nathalie-quer
Nees bei sech ukommen, mat all Otemzuch
No sengem Wee duerch déi verschidden Etappen am Liewenshaus kënnt d’Tina bei d’Nathalie.
Selina im Liewenshaus Wormeldange
Fir d’éischt mol nolauschteren
Heiansdo fänkt Heelung domat un, datt een einfach nolauschtert an dem Kierper erëm Rou gëtt.
ann-kathrin-massage-1
Net nach méi erklären – mee gesi ginn
D’Tina sicht sech Hëllef am Liewenshaus beim Ann-Kathrin

Coaching, Beweegung a Entspanungsangeboten zu Lëtzebuerg

Am Liewenshaus fënns du villfälteg Offerë fir méi Wuelbefannen, Entwécklung an Ausgläich am Alldag. Entdeck Coaching, Beweegungs- a Entspanungscoursen an huel dir bewosst Zäit fir dech.